Artikel aus dem Ripevusch 3-2019:
Den Historique vun 1895 bis 1995 ass am Detail an engem décke Buch
nozeliesen, wat bei Geleeënheet vun der 100-Joer Feier erauskoum.
Dëst Buch ass och nach ëmmer bei eis ze kréien.
Wéi an all Veräi sinn et am Laf vun der Zäit Héichten an
Déifte ginn. Am Réckbléck kann een awer festhalen, datt iwwert
déi vill Joren ëmmer erëm Leit do waren, deenen déi Useldinger
Musik um Häerz louch, an déi si mat hirem Asaz no vir bruecht hunn.
Do wou Musik gemaach gëtt, sief dat mat oder ouni Instrumenter,
ginn all Beräicher, all Geschéien an all déi mënschlech Gefiller, bewosst oder
onbewosst, erfaasst, betount - vläicht och verstanen - an, hirem eventuell
méiglechem Wäert no, och jugéiert, e Veräin also, dee mat
senger Musik wichteg Momenter am Liewen an d'Verbonnenheet mat de
Leit dobaussen ausdréckt. Ganz vill Idealismus, Motivatioun, Asaz, Ausdauer,
Disziplin an en onermiddlecht Schaffen droen dozou bäi, datt d'Musik e Stéck Kultur
an de Gemengen duerstellt, déi sécherlech nit méi ewech ze denken
ass.
An all deene Jore konnte vill Musikantinnen a Musikanten an eiser
Useldinger Musik hirem Hobby nogouen, zesumme prouwen a flott Concerte
spillen. D'Freed un der Musik, d'Frëndschaften an déi vill flott Momenter
zesummen, déi mir ëmmer erëm erliewen, sinn d'Basis vun eiser
Musiksgesellschaft.
Dëst ass Ulass genuch, fir mat eisen aktuell 60 aktive Musikantinnen
a Musikanten d'nächst Joer eisen 125. Gebuertsdag ze feieren.
Dat soll e besonnescht Festjoer ginn als Unerkennung fir all fréier
an aktuell Memberen a fir all d'Leit, déi eis Musik erhal an
ënnerstëtzt hunn.
Den Optakt vun eise Feierlechkeeten, déi sech duerch dat nächst ganzt
Joer hinzéien, ass den 7. Mäerz 2020 zu
Useldeng mat engem Concert gespillt vun der Harmonie Union Troisvierges, mat
där eis Musik ganz gutt Relatiounen huet. Dësen Concert d'Honneur
steet ënnert dem Patronage vun der UGDA.
Den 25. Abrëll hu mir "d'Moselle Valley Brass Band" zu
Besuch an e puer Woche méi spéit ass et selwer un eiser Useldinger
Musik. Den 30. Mee offréiere mir eisen Gala-Concert
mat engem spezielle musikalesche Programm fir eisen 125.
Gebuertsdag.
E weideren Highlight nach virun der Summervakanz, den 11. Juli, ass
en sougenannten Stäremarsch (Flashmob) an de Stroossen vun
Useldeng mat ville Musiksveräiner aus der Ëmgéigend. Duerno
feiere mir mat Musik an Danz vun enger däitscher Stëmmungsband bis an d'Nuecht.
Den 14. August steet eng grouss Sound & Light
Show op der Buerg um Programm.
Dann invitéiere mir all fréier an haiteg Musikantinnen,
Musikanten, Dirigenten a Comitésmembere vun eiser Musik op e Konveniat
zu Useldeng, den 19. September. An enger flotter Fotosausstellung gi
Biller an Erënnerungen iwwer 125 Joer Useldinger Musik gewisen. Et ass bestëmmt
eng wonnerbar Geleeënheet fir sech erëmzegesinn, ze feieren an al
Anekdoten auszetauschen.
Musikalesch geet et weider den
3. Oktober mat engem Concert patriotique soirée Roger MEIS. Den
Här Meis war Dirigent vun der Useldinger Musik vun 1957 bis 1972, e fréiere Militärmusiker an
e.a. och nach Dirigent vu weidere Musiksgesellschaften, souwéi Komponist
vun etleche Märsch a Potpourrien, déi hien der Useldinger Musik
gestëft huet.
Fir den Afschloss vun eisem Jubiläumsjoer spille mir dann nach den
19. Dezember 2020 an der Kierch zu Useldeng eisen
traditionellen Wanter Concert.
Mir wiere frou Iech all op eise Festlechkeete begréissen ze kënnen.