1896: Der Gesangverein nach dem Gründungsjahr
Kopie der Gründungsurkunde click to enlarge
28.11.1908 Erstes Gruppenbild der 1903 geschaffenen Harmonie |
|
|
Fanfare Ste "Cecile" Useldange 1959

Historique vun der Useldenger Musik vun
1895 un bis 2006
DUseldénger Musek ass 1895 als Gesangveräin gegrënnt
ginn mat der Devise: Wo man singt, da lass dich nieder, böse
Menschen haben keine Lieder. Dëst as kee Paradox, wëll
8 Joër méi spéit hun déiselwecht Leit aus dem
Gesangveräin eng Harmonie gemaach. Och de Fändel mat der Devise
vum Gesangveräin ass mat iwwerholl ginn a war bis 1954 am Déngscht
vun der Harmonie Useldingen. 1907 hat dHarmonie schon
32 Memberen. Eng vun den Haaptaktivitéiten, souwuel vum Gesangveräin
wéi och vun der Harmonie war d'Theaterspill.
Eréischt mam Pierre Mertzig als Dirigent (vun 1926 bis 1953) huet d'Harmonie sech musikalesch entwéckelt. Den 2. Weltkrich huet de Fändel an dInstrumenter um Späicher vum deemolege Vizepräsident iwwerlieft. Den 1. Optrëtt no der Liberatioun hat dUseldénger Musek scho Mëtt Oktober 1944 bei der lokaler Ovatioun fir damerikanesch Zaldoten. Zu 19 waren se am Abrëll 1945 wou dVeräinsliewen sech erëm normaliséiert huet. Een neien Opschwonk huet de Veräin erliewt ënner der Direktioun vum Pierre Wagner (vun 1953 bis 1957). Den 1. Concours deen dHarmonie matgemaach huet, war 1956 zu Hagondange.
E weideren Opdriff huet d'Harmonie kritt mam Militärmusiker Roger Meis als neien Dirigent (vun 1957 bis 1972). Concertën op der Place dArmes zu Lëtzebuerg stonge vun 1961 un all Joër um Programm. 1958 ass aus der Harmonie eng Fanfare ginn. Mat vill Succès huet den Roger Meis dUseldénger Musek op 4 Concoursën an 2 Tournoiëe geféiert, an domat de musikaleschen Niveau vum Veräin op eng Héicht bruecht, wéi se bis dohin net erreecht gi war.
1970 si fir déischt an der Geschicht vun der Useldénger Musek zwee jonk Meedercher opgeholl gin. Si hu Saxophone Sopran gespillt.
Wéi dGesellschaft 1974 fir een halleft Joër keen Dirigent haat ass et dunn onverschëlt biergof gaang. Am Hierscht huet den Edouard Graffé den Dirigentenposten ugeholl. Den neien Dirigent huet ët fäerdeg bruecht fir d'Musek éischtens aus hirem Down erauszeféieren, an zweetens mat vill Geschéck a Gedold de musikaleschen Niveau, lues awer secher, erëm méi héich ze schrauwen.
1976 um Concours zu Elwen ass den Ed. Graffé mat 36 Exécutants ugetratt, 1979 zu Woltz waren et der 37, 1988 zu Esch/Uelzecht waren et der scho 47 an de 15. Mee 1994, um Concours zu Suessem, ass den Edouard Graffé mat 57 Exécutants ugetratt. Hien huet hei dUseldénger Musek aus der 2. Divisioun, mat "Grande Distinction", an déi 1. Divisioun gefouert. E schéine Cadeau fir den 100. Gebuertsdaag vun der Musek. Dëse Gebuertsdaag am Joër 1995 huet erëm een Héichpunkt vun der Musik bedeit. Dat Joër sinn bis an de Summer eran grouss a schéi Concertën vu ville frieme Musiken gespillt ginn. Glanzpunkter waren hei Concertën vun der Militärmusik, der Musique de la Force Aérienne Belge a vun der Ettelbrëcker Musik. Den Ofschoss war Mëtt Juli am Festzelt beim Football-Terrain, wou sech 27 Musiksgesellschaften aus der Emgéigend afond haaten, déi dUseldenger Musik am Cortège op den Terrain begleet hun.
Dës Feier sollt och den Ofschloos sinn vum Ed. Graffé als Dirigent. Säi läschte Concert huet hien dirigéiert de 16. Juli 1996 am Schoulhaff um Kiosk. De Christian Grégorius (ee Militärmusiker) huet vum 14. September 1996 un dMusek dirigéiert.
Wat vun 1895 bis 1995 geschitt ass, ass och an engem décke Buch vun der 100 Joër Feier beschriwwe ginn.
Op Ureegung vum nach heitigen Präsident René PICK gouf dunn am Laaf vum Joër 1997 aus der Fanfare erëm eng Harmonie. Nei Instrumenter sinn ugeschaaft ginn an et gouf fleisseg geprouft fir um Gala-Concert den 22. Mäerz 1997 sech als Harmonie ze présentéieren. Wat natiirlech een neien Fändel bedingt huet. Op der Fändelwei vum 23. Mee 1998 haten sech 65 Pätteren a Giedelen afond fir deen neien Fändel ze däfen. Bis zum Joër 1998 ass dann alles an der Brochure vun der Fändelwei nozeliesen.
Um Gala-Concert am Joër 2000 war erëm een Dirgentewiessel. De René Lelong huet dunn den Dirigentestaaf iwwerholl. Mam René Lelong hu mir elo een Dirigent den erëm d'Musik opbaut.
Am Laaf vun de Joëren huet et och alt dem engem oder aaneren Musikant nit esou gepasst an ass dann nit méi erëm komm. Dann huet sech alt erëm deen een oder aaneren neien Musikant afond. De Moment, dat heescht am Januar 2006, stinn elo 91 Memberen op der Lëscht vun der Harmonie, dovun sinn 11 Eieremusikanten, 19 inaktiv Memberen (Kach- an Hëllefséquipe) an 61 aktiv Musikanten. Dës 61 Musikanten deelen sech op an 28 Dammen a Meedercher, 30 Jugendlecher beides Geschlechts an 3 Comitésmemberen déi keen Instrument spillen. 20 Kanner sinn de Moment zu Réiden an der Musikschoul.
An deene läschte 6 Joër huet dHarmonie esou muench flott Manifestatiounen erlieft.
All Joër gëtt den traditionellen Gala-Concert am Centre Culturel zu Useldeng gespillt. Och de Concert op der Place dArmes an der Stat ass scho bal Traditioun.
Weider kënnt all Joër ee Concert zu Iechternach derbei. Zu Veianen oder zu Dikkrich gëtt mol ofwiesselnt ee Concert gespillt. Och bei verschidden aaner Musiken gëtt een Austauschconcert gespillt, sou datt am Laaf vum Joër esou 4 bis 5 Concerter zesumme kommen. Op verschidden Fester spillen och mol dMillebléiser ee Concert wéi um Fréijoërsbal zu Rippweiler oder um Parfest zu Useldeng. Da sinn all Joër derbei di traditionell Cortègen wéi Eischtkommiounsfeier, Nationalfeierdag an dJournée Commémorative, wou dHarmonie mat der Iewerlenger Fanfare zesummen optrieden. Och verschidden Aweiungen an der Gemeng ginn vun deene zwou Musiken zesummen gemeet, wéi 2002 dRenowéierung vum Centre Culturel, 2003 de Schoul- a Sportkomplex, 2004 di nei Gemeng op der Buerg, asw.
Verschidde Cortègen: wou Memberen vun der Harmonie bestuet ginn, den 1. Mee, Pressiounen, Hämmelsmärsch zu Schandel, Useldeng a Rippweiler oder Caeciliendag, ginn awer vun der Harmonie eleng vertrueden, deels och mat Önnerstëtzung vun de Pompjéen oder mat der Chorale zesummen.
A fir datt dKeess gefëllt bleift, organiséiert dHarmonie all Joër nach verschidde Fester, wéi am Abrëll den Ouschtermaart, am Juni de Stroossemaart an am Dezember de Chrëschtmaart. A wëll dat net duer geet, ginn nach verschidde Manifestatiounen gären akzeptéiert. Z. B. Den 10. Mee 2003 war ee Schwäizer Owend organiséiert ginn, de 7. Juli 2003 ass den Tour de France duurch Useldeng gefuer a wou Memberen vun der Harmonie Grill- a Gedrénkstänn bedingt hunn, an den 3. a 4. Juli 2004 war ee Portugieseschen Week-End organiséiert ginn.
Wat ausser den Instrumenter nach e bësschen an dGeld geschloën huet war datt dHarmonie sech 2004 eng Remorque geléscht huet, déi fir den Transport vun den Instrumenter bei engem Concert auswärts geduecht ass. Mee duerch Sponsoren wéi: ALVES Constructions, Electricité KAUFMANN, Peintures KAUTHEN, Garage de Kehlen, Maison NIERENHAUSEN (PICK) an Imprimerie REKA gouf ee gudden Deel erëm erageholl an och dGemeng huet duerch eenExtra-Subsid nach eppes beigeluecht, sou datt et dHarmonie awer net ze déier ginn ass.
Wann eng Musik schon 110 Joër besteet, ass et natiirlech ee gudden Ulass fir esou eppes ze feieren. Dat sollt am Joër 2005 geschéien, net mat groussem Pomp, awer esou puer musikalesch Leckerbëssen waren ageplangt. Et gung un mam traditionelle Gala-Concert den 22. Februar 2005 am Centre Culturel, da waren a verschiddene Méint ee puer High-Lights an huet geendigt den 23. Oktober mat enger Mass an engem Konveniat, wou all (ale) Musikant aus der Fanfare- an Harmonieszäit derbei war.
D'Chroniker vun der Useldenger Musik
to be continued


