1.Mee-Feier

Um 1.Mee huet d'Useldenger Musik véier Mee-Kränz zu Rippweiler bei der Juegdbud am Bësch gebonnen. Duerno goung et am Cortège vum Öko-Parking duerch d'Iewerlenger Strooss an den Duerfkär. Wärend dem Cortège kruten de Restaurant Café Um Wier, den Hotel-Brasserie Péitche Lauer, de Café am Trëmmel an de Kebab ee Meekranz iwwerreecht. 

Duerno gouf et ee gemittleche Mettig ma tGrill a Gedrénks fir d´Membere vun der Musik op der Titt Schroeder Plaz hannert dem Centre Culturel.