Gala-Concert 2024

Eise Gala Concert, den den 18. Mee 2024 ënnert dem Numm „Endgame“ am Centre Culturel zu Useldeng gespillt ginn ass, war e groussen Erfolleg!

Den Optakt huet de Jugendensembel ënnert der Leedung vum Karin Pick mam Stéck „Final Countdown“ gespillt.

De Gala Concert vun der Harmonie Useldeng ass eng lëschte Kéier, no 14 Joer, vum Paul Fox dirigéiert ginn. Et war en emotionalen Owend mat enger gesanglecher Begleedung vum Brigitte Martins.

Den Owend duerch d‘Stécker geleet goufen mir vum Claude Metz.

 E grousse Merci un de Charles Reiser fir d‘Fotoen


Fotos anzeigen