Gala - Concert als Green-Event


 D'Useldenger Musik organiséiert hiren alljärleche Gala-Concert dëst Joer ënnert dem Label Green Events. 

Domat engagéiere mir eis, fir eisen ökologesche Foussofdrock als Veräin sou kleng wéi méiglech ze halen.

Deementspriechend bidde mir Eech haaptsächlech lokal Produiten un, déi zum Deel aus biologescher Bewirtschaftung stamen.

Anerersäits engagéiere mir eis fir eng korrekt Offallgestioun.

Bei der Mobilitéit biede mir iech ëm Är Ënnerstëtzung an Äre Beitrag. Profitéiert vum gudde Wieder a kommt zu Fouss oder mam Vëlo.(Parkplazen beim Manukultura) 

Natierlech kënnt dir och op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen.Op der Internetsäit vun der Mobilitéit Lëtzebuerg (www.mobiliteit.lu) oder ënnert der Telefonsnummer 2465 2465 kënnt Dir Iech iwwert de Busplang informéieren. 

 Bis de Samsden op eisem Gala-Concert.


Weider Informatiounen op:  Organisez des Green Events - les events de demain - au Luxembourg