Generalversammlung vun der Useldenger Musek


De 4.Februar 2024 huet d'Useldenger Musik op hier alljärlech Generalversammlung am Centre Culturel zu Useldeng invitéiert. No der Begréissung vum Präsident, Georges Boudler, goung et mat der Presenzlëscht an dem Aktivitéitsrapport vun der Sekretärin Karin Pick virun.

Uschléissend wousst de Caissier ee positive Bilan vum Geschäftsjoer 2023 ze presentéieren, ass op de Budget vum Joer 2024 agaangen a mir hunn dem Bericht vun deenen 2 Keeserevisoren nogelauschtert. 

Duerno goung et viru mat Rieden: vum Dirigent Paul Fox, dem Buergermeeschter Pollo Bodem an dem Vertrieder vun der UGDA, dem Marc THILL. 

Ofschléissend hunn déi uewegenannten, zesumme mam Präsident, verdéngschtvoll Memberen aus der Useldenger Musik geéiert.

 Follgend aktiv Membere kruten eng Auszeechnung fir hiren Asaz am Sënn vun der Musek :

  • Metz Léini: Insigne fir 5 Déngschtjoer
  • Max Koster: Insigne fir 5 Déngschtjoer
  • Malou Grasges: Médaille de mérite en bronze fir 10 Déngschtjoer
  • Marianne Harpes: Médaille de mérite en vermeil fir 30 Déngschtjoer

Nom offiziellen Deel vun der Generalversammlung huet d' Musek hier Memberen, zesumme mam Partner, op den Apero , ee gemeinsaamt Mëttegiessen an ee gemittlechen Nomëttig ënner Frënn a Kolleegen, invitéiert.