Stage fir de Gala-Concert

Um Week-End vum 22. & 23.03.2024 huet den Orchester vun der Useldenger Musik sech fir hieren alljärleche Stage a (mëttlerweil feste Bestanddeel vum Prouweprogramm) getraff, fir sech de Regesteren no, op de Gala-Concert vum 18.Mee virzebereeden. Samsdes gouf am Nomëttig geprouft a Sonndes dee ganzen Dag. No engem Mëttegiessen am Péitche Lauer war dunn am Sonndennomëttig nach eng Tutti-Prouf, wou nach eemol am gesamten Orchester geprouft ginn ass. Mir soen eisem Dirigent, an awer och sengen Assistenten: Merci fir hiert Engagement op dësem léierräiche Stage.

Mir freeën eis dann natierlech och dodrop Iech op eisem Gala-Concert, den 18.Mee 2024 zu Useldeng begréissen ze kënnen. Dir kënnt elo scho gären är Plaze reservéieren, an dat um 23 63 80 34 oder iwwert e-mail op: reservatioun@harmonie-useldeng.lu oder iwwert de QR-Code um Flyer.