1895 ass d'Useldinger Musik als Gesangsveräi gegrënnt gi mat der Devise: "Wo man singt, da lass dich nieder, böse Menschen haben keine Lieder". 8 Joer méi spéit ass aus dem Gesangsveräi eng Harmonie ginn, 1907 hat si schonn 32 Memberen. Och de Fändel vum Gesangsveräi ass mat iwwerholl ginn an huet bis 1954 säi wäertvollen Déngscht geleescht.

Den Historique vun 1895 bis 1995 ass am Detail an engem décke Buch nozeliesen, wat bei Geleeënheet vun der 100-Joer Feier erauskoum. Dëst Buch ass och nach ëmmer bei eis ze kréien.

Wéi an all Veräi sinn et am Laf vun der Zäit Héichten an Déifte ginn. Am Réckbléck kann een awer festhalen, datt iwwert déi vill Joren ëmmer erëm Leit do waren, deenen déi Useldinger Musik um Häerz louch, an déi si mat hirem  Asaz no vir bruecht hunn. Do wou Musik gemaach gëtt, sief dat mat oder ouni Instrumenter, ginn all Beräicher, all Geschéien an all déi mënschlech Gefiller, bewosst oder onbewosst, erfaasst, betount - vläicht och verstanen - an, hirem eventuell méiglechem Wäert no, och jugéiert, e Veräin also, dee mat senger Musik wichteg Momenter am Liewen an d'Verbonnenheet mat de Leit dobaussen ausdréckt. Ganz vill Idealismus, Motivatioun, Asaz, Ausdauer, Disziplin an en onermiddlecht Schaffen droen dozou bäi, datt d'Musik e Stéck Kultur an de Gemengen duerstellt, déi sécherlech nit méi ewech ze denken ass.

An all deene Jore konnte vill Musikantinnen a Musikanten an eiser Useldinger Musik hirem Hobby nogouen, zesumme prouwen a flott Concerte spillen. D'Freed un der Musik, d'Frëndschaften an déi vill flott Momenter zesummen, déi mir ëmmer erëm erliewen, sinn d'Basis vun eiser Musiksgesellschaft.

Dëst ass Ulass genuch, fir mat eisen aktuell 60 aktive Musikantinnen a Musikanten d'nächst Joer eisen 125. Gebuertsdag ze feieren. Dat soll e besonnescht Festjoer ginn als Unerkennung fir all fréier an aktuell Memberen a fir all d'Leit, déi eis Musik erhal an ënnerstëtzt hunn.

Den Optakt vun eise Feierlechkeeten, déi sech duerch dat nächst ganzt Joer hinzéien, ass den 7. Mäerz 2020 zu Useldeng mat engem Concert gespillt vun der Harmonie Union Troisvierges, mat där eis Musik ganz gutt Relatiounen huet. Dësen Concert d'Honneur steet ënnert dem Patronage vun der UGDA.

Den 25. Abrëll hu mir "d'Moselle Valley Brass Band" zu Besuch an e puer Woche méi spéit ass et selwer un eiser Useldenger Musik. Den 30. Mee offréiere mir eisen Gala-Concert mat engem spezielle musikalesche Programm fir eisen 125. Gebuertsdag. 

E weideren Highlight nach virun der Summervakanz, den 11. Juli, ass en sougenannten Stäremarsch (Flashmob) an de Stroossen vun Useldeng mat ville Musiksveräiner aus der Ëmgéigend. Duerno feiere mir mat Musik an Danz vun enger däitscher Stëmmungsband bis an d'Nuecht.

Den 14. August steet eng grouss Sound & Light Show op der Buerg um Programm.

Dann invitéiere mir all fréier an haiteg Musikantinnen, Musikanten, Dirigenten a Comitésmembere vun eiser Musik op e Konveniat zu Useldeng, den 19. September. An enger flotter Fotosausstellung gi Biller an Erënnerungen iwwer 125 Joer Useldinger Musik gewisen. Et ass bestëmmt eng wonnerbar Geleeënheet fir sech erëmzegesinn, ze feieren an al Anekdoten auszetauschen.

Musikalesch geet et weider den 3. Oktober mat engem Concert patriotique soirée Roger MEIS. Den Här Meis war Dirigent vun der Useldinger Musik vun 1957 bis 1972, e fréiere Militärmusiker an e.a. och nach Dirigent vu weidere Musiksgesellschaften, souwéi Komponist vun etleche Märsch a Potpourrien, déi hien der Useldinger Musik gestëft huet.

Fir den Afschloss vun eisem Jubiläumsjoer spille mir dann nach den 19. Dezember 2020 an der Kierch zu Useldeng eisen traditionellen Wanter Concert. 

Mir wiere frou Iech all op eise Festlechkeete begréissen ze kënnen.



Den Optakt vun de Feierlechkeete fir den 125. Gebuertsdag vun eiser Musik war de 7. Mäerz mat engem flotte Concert gespillt vun der Ëlwënter Musik. Déi 70 Musikantinnen a Musikanten, ënnert der Leedung vum Dirigent Werner Eckes, woussten d’Nolauschterer mat hirem usprochsvolle Programm „HUT goes Movies“ ze begeeschteren. Dëse Concert stung ënnert dem Patronage vun der UGDA, vertrueden duerch den Här Robert Mamer. Och wann de Centre Culturel deen Owend net bis op déi läscht Platz besat war, sécherlich bedéngt duerch déi éischt Auswierkunge vum Coronavirus, sou konnt de President vum Organisatiounscomité dach en etlech Eieregäscht begréissen, nieft de Gemengevertrieder aus eiser Gemeng an de Nopeschgemengen, Vertrieder vun anere Veräiner a Musiken, Sponsoren an Eieremembere vun eiser Musiksgesellschaft, ënner anerem och den Deputéierten André Bauler.





Mat engem gutt gefëllte Programm huet eis Musik d'Jubiläumsjoer 2020 ugefaange. Mir haten am Organisatiounscomité vill geplangt, mee eis Pläng sënn op Grond vun der Pandemie vum Coronavirus op d'Kopp gehäit gin. No dem flotte Concert vun der Ëlwenter Musik am Mäerz 2020 sënn duerno all weider Manifestatiounen fir den 125. Gebuertsdag vun eiser Musik ausgefall a sënn deelweis op 2021 verluecht ginn. Dës Festlechkeete bleiwen bis op Weideres programméiert, en neien Datum heifir ass nach net festgeluecht. Mir komme spéider op déi jeeweileg Manifestatiounen zeréck.